Den Dadi Freyr wär u sech dëst Joer beim Eurovision Song Contest ugetrueden. Den ESC gouf ofgesot, de Song ass trotzdeem een Ouerwuerm.

Fakten
Den Dadi Freyr gouf zu Reykjavík gebuer an huet seng Kandheet an Dänemark verbruecht. Haut wunnt hien zu Berlin. 2012 huet hien d'Indie-Band "RetRoBot" gegrënnt, mat där hien een Album eraus bruecht huet. 2020 huet hien beim Eurovision Song Contest d'Virentscheedung gewonnen mat sengem Song "Think About Things". No der Victoire sollt hien Island beim Eurovision Song Contest 2020 zu Rotterdam vertrieden, deen awer wéinst der COVID-19-Pandemie ofgesot gouf. 

Aussergewéinleches
Dem Islänner Dadi Freyr a senger Band ass et ouni Zweifel gelongen, am Internet dëst Joer vil aner ESC-Kandidaten ze toppen. An och Stare wéi Russell Crowe a Jan Böhmermann hunn iwwert de Song mam Titel "Think About Things" getwittert.  D'Hollywood-Schauspillerin Jennifer Garner ("Catch Me If You Can", "Love, Simon") huet ee Video op sengem Instagram-Profil gesat, an deem hatt zum Lidd danzt. Dobäi ass hatt ze gesinn, wéi hatt d'Wäsch mécht, a sech dobäi am Takt vum Song beweegt.

Fréier Hits
"Think About Things" ass deen ESC-Song vum Joer 2020, deen am meeschten op Spotify gelauschtert gouf. A ganz Europa ass den Titel an den Charts gelant, ënner anerem a Schweden an a Groussbritannien (UK). An natierlech och an Island selwer kënnt de Song gutt un.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benjamin Ingrosso, Loïc Nottet