De LAUV an de Conan Gray presentéieren hir éischt gemeinsam Single 

Fakten:
De LAUV an de Conan Gray hu mat "Fake" hir éischt gemeinsam Single eraus bruecht a loossen dobäi hirer Roserei a Frustratioun fräie Laf. Am neie Lidd thematiséieren di 2 Kënschtler hir Erfarungen mat falsche Frënn, Hypokritten an Iwwerflächlechkeet, verpak a engem melodiéisen a gefillsvolle Pop-Song.

Aussergewéinleches:
Deen 21 Joer ale Conan Gray ass no der Trennung vu sengen Elteren an engem kléngen Kaff am Texas opgewuess. A sengen Texter verschafft hie seng schwéier Vergaangenheet a schwätzt oppen iwwert seng schwiereg Familljeverhältnisser, Aarmut an Diskriminéierung.

Fréier Hits
De Lauv ass mat Hits wéi "I'm so tired" an “I Like Me Better” bekannt ginn. De Conan Gray huet am März säin Debütalbum "Kid Krow" eraus bruecht a mat Songs wéi "Heather" a "Maniac" direkt bewisen, wéi ee musikalescht Talent an him stécht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Dean Lewis, Years & Years

Lauschtert eran