Den Gentleman presentéiert ee weideren Extrait aus sengem neien Album "Blaue Stunde".

Fakten
Mam Titel "Schöner Tag" presentéiert den Gentleman dee 6. Virgeschmaach op säin neien Album "Balue Stunde". Den Album kënnt den 20. November eraus.

Aussergewéinleches:
Di nei Single ass eng Kollaboratioun mam Sido. Wéi den Gentleman selwer seet , wier et ee Mix aus Dancehall-Reggae an Hip-Hop.

Fréier Hits
Mat "Journey to Jah" hat den Gentleman säin éischte  Gold-Album. Den Album dono mam Numm "Confidence ass 2004 op Plaz 1 vun den däitschen Charts geklommen a gouf mat Platin ausgezeechent. Et ass mat iwwer 200.000 verkaafte Kopien ee vun den erfollegräichsten Alben vun der däitscher Reggae- an Hip-Hop-Geschicht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Seeed, Patrice, Damian Marley