De briteschen DJ-Duo ass zréck mat enger neier Single

Fakten
Den Dave Whelan an de Mike Di Scala hunn Ufank vun den 2000er nach onofhängeg als DJen a verschiddene Clubs zu Liverpool opgeluecht. Wéi si sech beim Shoppen an engem Plackebuttek kenne geléiert hunn, war direkt kloer, dass di 2 zesumme Musek maache wéilten. Elo huet de britteschen DJ- a Produzenten-Duo zesumme mat der Band LOWES eng nei Single eraus bruecht. Mat "Easier" weise si, firwat hire Faible fir Kollaboratioune mat Indie-Kënschtler- a Bands sou berechtegt ass.

Aussergewéinleches
Di 2 Membere vu CamelPhat hunn eng Zäit Wrestling-Masken gedroen, fir hir Identitéit ze verstoppen. Si wollten domat erreechen, dass d'Leit hir Musek beuerteelen, an net si 2 als Persounen! Mëttlerweil gesäit een CamelPhat awer ouni Masken op der Bühn.

Fréier Hits
CamelPhat sinn 2017 mam Track "Cola" bekannt ginn, deen di 2 zesumme mam Elektro-Kënschtler Elderbrook verëffentlecht hunn. Generell beweisen den Dave Whelan an de Mike Di Scala zanterhier ëmmer nees ee gudde Goût fir Kollaboratiounen. Eréischt am August huet den Duo den Track "Hypercolour" mam FOALS Frontmann Yannis Philippakis released. Och aner Indie-Acts wéi Jake Bugg oder Noel Gallagher ware scho fir gemeinsam Tracks um Start. Fir "Easier" hu CamelPhat mat der jonker Indie-Band LOWES zesumme geschafft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Disciples, Purple Disco Machine, Duke Dumont

Lauschtert eran