E puer Woche viru Chrëschtdag liwwert de Montero Lamar Hill alias Lil Nas X eng Single fir des Saison

Fakten:
No sengem internationale Country-Rap-Hit "Old Town Road" droppt de Lil Nas X elo mam Titel "Holiday" ee Song, deen eis elo schonn a Chrëschtdagsstëmmung versetze soll. "Holiday" ass eng bounceg Hip-Hop Nummer, déi warscheinlech um Debütalbum vum Lil Nas X am nächste Joer ze fannen ass. Am neien Track rappt de Lil Nas X iwwert säi Lifestyle, an doriwwer dass d'Mënschen wéinst senger Berühmtheet wëlle mat him zesumme sinn.

Aussergewéinleches:
Duerch säin Erfolleg huet de Lil Nas X net just berufflech, mee och privat méi Selbstbewosstsinn kritt. Wéi säin Hit "Old Town Road" duerch de Plaffong gaangen ass, huet hie sech ëffentlech als homosexuell geout. Dat war awer guer net geplangt: "D'Wouerecht ass, dass ech geplangt hat, mam Geheimnis ze stierwen – awer dat huet sech geännert, wéi ech Lil Nas X gouf!"

Fréier Hits
Mat sengem Hit "Old Town Road" gouf hien 2019 weltwäit bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Post Malone, DJ Khaled, Cardi B