D'Foo Fighters presentéieren di éischt Single aus hirem neien Album

Fakten:
Ufank Februar soll een neien Album vun de Foo Fighters eraus kommen. Di nei Single "Shame Shame" suergt elo scho fir Stëmmung. Ee Stéck mat Chouer, Akustikgittar an der onverkennbarer Stëmm vum Dave Grohl.

Aussergewéinleches:
De Sänger Dave Grohl huet verroden, dass d'Band de Song op engem eenzegen Dag opgeholl huet. Alles huet mat engem Fangerschnippen ugefaangen, wouriwwer de Grohl intuitiv eng Gittar geluecht huet. 

Fréier Hits
D'Foo Fighers haten e sëllechen Hits an hirere Carrière, dorënner Lidder wéi "Learn to Fly" a "Best of You".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Pearl Jam, Nirvana, Queens Of The Stone Age