Am Virfeld vu sengem neien Album presentéiert d'Anne-Marie di nei Single "Problems"

Fakten
D'Kënschtlerin Anne-Marie huet seng nei Single "Problems" eraus bruecht. Mat dësem Song wëllt hatt weisen, dass eigentlech keng Bezéiung perfekt ass a gëtt domat e privaten Abléck a säi Liewen. Am Songtext zu "Problems" séngt d'Anne-Marie vun enger Bezéiung, an där et alles anescht wéi gutt leeft. Tëscht zwou Persoune kann net ëmmer Harmonie herrschen an dofir dauche mat der Zäit och mol Problemer op. Mee et lount sech fir d'Léift ze kämpfen, well een heiansdo léiwer streit, wéi ganz ouni des Persoun mussen ze liewen

Aussergewéinleches
D'Anne-Marie gouf mat 12 Joer Karateweltmeeschterin. De Sport huet hatt staark markéiert an d'Disziplin, déi hatt hei geléiert, huet him och am Museksbusiness weider gehollef. Säin éischte Mixtape, deen 2015 eraus koum, huet hatt "Karate" genannt.

Fréier Hits
Mat "Rockabye" hat d'Anne-Marie am Joer 2016 e Mega-hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Seng Lidder "Alarm" an "Ciao Adios" sollten d'lescht Joer zu Chart-Hits ginn. An aktuell ass d'Britin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Alma & Mabel

Lauschtert eran