Nom groussen Hit "Dance Monkey" presentéiert di australesch Sängerin Tones And I eng nei Single.

Fakten
D'Tones and I huet mat sengem Song "Dance Monkey" di international Charts gestiermt. Di australesch Singer-Songwriterin, déi hir Carrière ähnlech wéi The Passenger als Stroossemusekerin ugefaangen hat, gouf quasi iwwer Nuecht zum internationale Star. Zanter dem Release vu senger Erfollegssingle waarden d'Fans allerdéngs schonn onroueg op een Debütalbum vun der Australierin. Dëst Waarden dierft geschwënn een Enn hunn. Mat senger aktueller Single "Fly Away" gëtt d'Tones And I nämlech een éischten Ausbléck op säin Debütwierk. An "Fly Away" geet et ëm reellt Gléck an dorëm, wat mir menge mussen ze hunn, am Géigesaz zu deem, wat mir eigentlech wëllen.

Aussergewéinleches:
Viru senger Musekskarriäre huet d'Toni Watson alias Tones And I als Caissière an engem Geschäft geschafft, war awer an deem Beruff net frou. An obwuel Stroossemusek an Australien eng schwiereg Saach ass, an d'Konkurrenz immens grouss, huet dat him manner Angscht gemaach wéi am alen Job stiechen ze bleiwen.

Fréier Hits
Fir Tones And I hätt et 2019 net besser lafe kënnen. Obwuel hatt eréischt zanter leschtem Joer Musek mécht, ass him mat "Dance Monkey" den internationale Duerchbroch gelongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Izzy Bizzu, Zak Abel, Ella Eyre