Den Justin Bieber ("Sorry") an Shawn Mendes ("Stitches") hunn een Duett-Song eraus bruecht.

Fakten
Béid Sänger hunn an de soziale Medien matgedeelt, dass si di gemeinsam Single "Monster" eraus bruecht hunn. Wéi de Shawn Mendes geschriwwen, ass den Duett Deel vu sengem Album "Wonder", deen de 4. Dezember op de Maart komme soll. De Sänger hat schonn ënner anerem mam Taylor Swift zesumme geschafft. De Summerhit "Señorita", deen hie mam Camila Cabello opgeholl hat, ass weltwäit op Plaz 1 vun de Single-Charts gelant. Den Justin Bieber hat am Ufank vun der Corona-Pandemie mam Ariana Grande de Quarantänn-Hit "Stuck With U" opgeholl, deen och e weltwäiten Hit gouf.


Aussergewéinlches:
Gréisstendeels ouni Ënnerstëtzung vun de Medien huet de Shawn Mendes sech eng grouss Fangemeinschaft am Internet geséchert a bei Vine 3,8 Milliounen Fans erreecht. Säin éischte Song am Joer 2014, den Titel "Life of the Party", gouf deen am meeschte gedeelte Song vun der Woch bei Twitter an huet et och an di offiziell Charts gepackt. An de Billboard Hot 100 huet de Shawn Mendes Plaz 24 erreecht a a war dee jéngsten Interpret, dee sech mat senger Debütsingle sou héich plazéieren konnt.

Fréier Hits
De Shawn Mendes hat virdrun Hits wéi "Stitches", "Treat You Better" an "In My Blood". Dem Justin Bieber seng Karriär huet mat Cover-Versiounen ugefaangen, déi hien als Teenager op YouTube eropgelueden hat. 2010 konnt hie mat "Baby" een éischte groussen Hit landen. Den Debüt-Album "My World 2.0" a seng "My World Tour" hunn aus dem Justin Bieber ee vun den ugesotste Pop-Stare gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Justin Bieber, Zayn

Lauschtert eran