D'Sängerin Becky Hill covert "Forever Young" vun Alphaville.

Fakten
Di 26 Joer al brittesch Popsängerin Becky Hill liwwert fir de Chrëschtdagsspot vu McDonalds ee Cover vum Hit "Forever Young" vun Alphaville.

Aussergewéinlexches
Den animéierte Spot handelt vun enger eleng elengerzéiender Mamm, déi hire Fils fir Chrëschtdag begeeschtere wëllt, wat hir net sou einfach geléngt. Eréischt mat engem Besuch beim Fast-Food-Restaurant gëtt de Jong besser gelaunt.

Fréier Hits
D'Becky Hill war 2012 an der éischter Staffel vun der Castingshow "The Voice UK" mat dobäi. Dono sinn e puer Singele vun him als Featuring eraus komm. Als Sängerin vum Titel "Gecko (Overdrive)" vum Oliver Helden huet hatt 2014 Platz 1 vun de britteschen Charts erreecht. Dono koume vill aner Dance-Tracks mam Becky Hill als Featuring eraus. 2019 koum säi Compilatiouns-Album "Get to Know" eraus an huet d'Plaz 20 an de britteschen Albumcharts erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mabel, Ella Henderson, MO

Lauschtert eran