Den Diplo presentéiert zesumme mam australeschen DJ a Produzent Sonny Fodera den Titel "Turn Back Time".

Fakten:
Fir seng nei Single „Turn Back Time“ huet sech de Super-Producer, Songwriter an Artist Diplo (Major Lazer, LSD, Silk City) mam australeschen DJ a Produzent Sonny Fodera zesumme gedinn. Di 2 Museker liwwere mat "Turn Back Time" ee klasseschen House-Track a wënschen sech, an der Zäit zréck reesen ze kënnen. "Turn Back Time" ass zwar hir éischt gemeinsam Produktioun, den Diplo an de Sonny Fodera si sech awer schonn e puer Mol iwwert de Wee gelaf.

Aussergewéinleches:
Den 10. November huet de Sonny Fodera op Instagram ee Message  gepoust an "Turn Back Time" offiziell ugekënnegt. Dësen Dag gouf ganz bewosst vum DJ gewielt. Well net just de Sonny Fodera huet den 10.11. säi 35. Gebuertsdag gefeiert, och den Diplo ass op dësem Dag gebuer an  42 Joer al ginn.

Fréier Hits:
D'Jonas Brothers waren am Joer 2009 bei de Grammyen an der Kategorie „Best New Artist“ nominéiert, konnten de Präis awer net mat heem huelen. Kee Wonner, d'Adele war nämlech och nominéiert an huet virun 10 Joer de Grammy als „Best New Artist“ gewonnen – a géint hatt ze verléieren ass keng Schan. Den Diplo dogéint huet schonn eng Partie Präisser gewonnen,fir d'lescht am Februar dëst Joer fir säi Song „Electricity“.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Maroon 5, Harry Styles

Lauschtert eran