Den Justin Timberlake ass zréck mat neier Musek. Allerdéngs ass et keen eegene Song, mee just e Feature. 

Fakten:
Den Justin Timberlake huet sech fir den neie Song "Better Days" mam R&B-Kënschtler Ant Clemons zesumme gedinn.

Aussergewéinleches:
Di gemeinsam Single ass eng emotional Ballade, déi perfekt an d'Chrëschtdagszäit passt. Mat dësem Song wëllen den Justin Timberlake an den Ant Clemons alle leit Courage maachen, déi schwéier Zäit duerchzestoen, well déi weltwäit Corona-Pandemie huet bekanntlech och grouss Auswierkungen op di mental Gesondheet vu ville Mënschen.

Fréier Hits
Mat 22 Joer huet den Justin Timberlake sech vum Boy-Group-Image (N'Sync) geléist an eng Solocarrière gestart. Säin Solo-Album "Justified" huet 2004 ee Grammy kasséiert, grad wéi de Song "Cry Me A River". Den Album "FutureSex/LoveSounds" (2006) huet et an USA un d'Spëtzt vun de Billboard Chats gepackt, d'Debutsingle "SexyBack" huet a ville Länner d'Spëtzepositioun an den Charts (GB/USA/D) erreecht. Dono gouf et vill erfollegräich Kollaboratiounen, zesumme mam Madonna "4 Minutes", mam Rihanna "Rehab" a mam Ciara "Love Sex Magic" (2009). Am Joer 2013 gouf et mat der Single "Suit & Tie" ee weideren Hit, och den Album "The 20/20 Experience" war ee Succès. 2016 hat hie mat "Can't Stop The Feeling" nees een Nummer 1 Hit. Dono koum ënner anerem nach den Hit "Say Something".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bruno Mars, Pharrell Williams, Robin Thicke

Lauschtert eran