Den Harry Styles presentéiert déi 5. Singleauskopplung vu sengem aktuellen Album "Fine Line".

Fakten:
Ee Joer nom Release vum Album "Fine Line" presentéiert den Harry Styles mam Opener "Golden" eng poppeg Indie-Nummer als nei Single.

Aussergewéinleches:
"Golden" ass een hoffnungsvollen Titel iwwert den Ufank vun enger Léift, an déi ee sech trotz gebrachenem Häerz einfach erastierzt a sech doduerch enger neier Persoun géintiwwer verletzlech weist: „You're so golden. You're so golden. I'm out of my head. And I know that you're scared. Because hearts get broken.”

Fréier Hits:
Den Harry Styles hat an der Vergaangenheet Hits wéi "Adore You", "Watermelon Sugar" a "Sign of the Times".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Liam Payne, 5 Seconds of Summer, Shawn Mendes

Lauschtert eran