Bastille sinn zréck mat neier Single an neier EP

Fakten:
Beim neien Titel "Goosebumps" vu Bastille handelt et sech net just ëm eng nei Single, mee gläichzäiteg och ëm eng nei EP. Dat huet de Frontmann Dan Smith op Instagram verroden. Béides ass de 4. Dezember eraus komm. Den Dan Smith schreift ausserdeem: "Mir haten eng genial Zäit, mam Kenny Beats un dësem neie Lidd ze schaffen. Dës EP ze maachen, ass dëst Joer fir eis di bescht Oflenkung gewiescht a mir freeën eis op dee Moment, wou dir se lauschtert."

Aussergewéinleches:
Den Numm vun der Indie-Rock-Formatioun aus dem Londoner Süde kënnt iwweregens vum franséischen Nationalfeierdag. Dee gëtt an englesch-sproochege Länner nämlech "bastille day" genannt a well den Dan Smith op engem "14 juillet" am Joer 1986 gebuer ginn ass, huet hien decidéiert seng Band esou ze nennen.

Fréier Hits:
D'Single "Flaws" hat et 2012 op d'Plaz 21 an de UK-Singles-Charts gepackt. Am Joer duerno konnte Bastille du mat der Single "Pompeii" deen éischte ganz groussen Erfolleg feieren. De Song war ënnert anerem an hirer Heemecht Groussbritannien bis op d'Zwee geklommen.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Imagine Dragons, OneRepublic & Two Door Cinema Club

Lauschtert eran