De Song "Swimming in the Stars" ass déi éischt Single vum neien Album "Glory".

Fakten
Och wann d'Britney Spears nach ëmmer den Image vun enger Teenie-Ikone huet, huet hatt dës Zäit scho laang hannert sech gelooss. Den  2. Dezember ass d'Sängerin 39 Joer al ginn. Fir dat ze feieren, huet hatt sech selwer a senge Fans een neie Song geschenkt. Den Track mam Titel "Swimming in the Stars" ass déi aktuell Single vu sengem Album „Glory“, deen elo an enger Deluxe-Versioun nei eraus komm ass. Nieft "Swimming in the Stars" sinn nach weider bis ewell onverëffentlecht Lidder um Album.

Aussergewéinleches:
Biller vun der Sängerin hunn ëmmer nees fir Diskussioune gesuergt. Am Summer dëst Joer ware Fans vun der Pop-Prinzessin iwwerzeegt, si géinge Message a sengen Instagram-Posts erkennen, wou hatt ëm Hëllef rifft. Säit dem Britney säi Papp no engem geriichtlechen Urteel als  Tuteur vun der Kënschtlerin agéiert, behaapten ëmmer méi Leit, d'Britney Spears géing gefaange gehale ginn an hätt keng Kontroll méi iwwert säi Liewen.

Fréier Hits
Mat "Oops I did it again" ass d'Britney Spears am Joer 2000 international duerchgestart. Dono koume wieder Hits wéi "Baby One More Time" an "Toxic".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Christina Aguilera, Kylie Minogue, Madonna

Lauschtert eran