Di nei Single vum Ex-Oasis-Sänger ass ee richtege Chrëschtdagssong. 

Fakten
De Liam Gallagher huet eng nei Single eraus bruecht – a bei "All you’re dreaming of" handelt et sech ëm ee richtege Chrëschtdagssong. An engem Statement äussert sech de Liam, wéi mir et vun him gewinnt sinn, mat enger grousser Portioun "Selbstvertrauen": "All you’re dreaming of" ass een "instant classic" a perfekt fir dës Joreszäit. No deem schlechte Joer dat mir all haten, hoffen ech, dass dëse Song e bëssen Léift an Hoffnung brénge kann.

Fréier Hits
Di gréissten Hits hat de Liam Gallagher mat senger Band Oasis. Schonn den Debütalbum "Definitely Maybe" hat et 1994 direkt un d'Spëtzt vun de briteschen Album-Charts gepackt a gëllt als Klassiker vun der Britpop-Ära. Deen 2. Album "(What’s the Story) Morning Glory?" war deen meescht verkaafte Studioalbum a Groussbritannien.

Aussergewéinleches
All d'Recetten, déi d'Lidd aspillt, gi bis den 31. Dezember un di brittesch Charity-Organisatioun Action for Children.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Oasis, Travis, DMA's

Lauschtert eran