D'Black Eyed Peas presentéieren eng gemeinsam Single mam Shakira.

Fakten:
D'Black Eyed Peas hunn ënnert dem Titel "Translation" een neien Album eraus bruecht.  Ee Wierk mat ville Features. Ënner anerem si French Montana, J Balvin, Tyga oder och Maluma um Start. Eng Zesummenaarbecht stécht awer ganz besonnesch eraus: d'Single "Girl Like Me" mam Shakira. Een Track, dee Loscht mécht, ze danzen.

Aussergewéinleches:
Fir de Video "Girl Like Me" huet d'Shakira sech un den Jane Fonda Workout-Videoen aus den 80er inspiréiert. Blot Stierband, rouden Top,  schwaarz Bikinibox, Beestulpen, wäiss Sneakers. Genee dësen Outfit kenne mir nach vum Jane Fonda, dat d'Leit an den 80er Joere mat senge Workout-Videoe fit gemaach huet. Huet wuel och Shakira gesinn, well a sengem neie Video - deen hatt zesumme mat de Black Eyed Peas gedréit huet - huet hatt genee deen Outfit un.

Fréier Hits
D'Black Eyed Peas haten 2003 mat "Where Is The Love?" hiren éischten Nummer-1 Hit an England. Den J Balvin wra ënner anerem mat "Ginza" A "Mi Gente" an den Charts. D'Shakira ass zanter méi wéi engem Joerzéngt weltwäit an den Charts present. Am Joer 2020 war d'Shakira zesumme mam Jennifer Lopez, déi éischt Latina-Fra, déi an der Halftimeshow vum Super Bowl opgetrueden ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, Taio Cruz, Pitbull

Lauschtert eran