Di 2 TikTok-Helden 24kGoldn an DaBaby dinn sech zesummen an droppen d'Single "Coco".

Fakten:
Am Titel "Coco" treffen net just den 24kGoldn an den DaBaby openeen, mee och Elementer vun ënnerschiddleche Genren. Akustik-Gittaren gi mat intensiven Drums a Synthies gemëscht – Pop mat Trap an R’n’B. Dobäi Lyrics, déi vu gestéierte Bezéiungen erzielen. Zeilen wéi „Coco Chanel, can you keep your hands to yourself?“ an „They wasn't 'bout what I was 'bout "  zeechnen ee Bild vu Bedruch a Vertrauensmëssbrauch. Duerch d'Struktur erënnert "Coco" och un den 24kGoldnHit "Mood".

Aussergewéinleches:
Och wann et am Titel "Coco" ëm Bezéiunge geet, ass den Titel a Refrain vum Song en Hommage un d'Coco Chanel, d'Grënnerin vum franséische Luxus-Moude-Haus. Net just, dass all Zeil am Refrain mat deem Numm ufänkt, och d"Coco Chanel, double-C lock on the belt" weist op de Label . De Logo sinn nämlech zwee gekräizten C'en.

Fréier Hits
Iwwerdeems d'Joer 2020 fir di meescht Mënschen een éischter schwieregt Joer war, zielen den 24kGoldn an den DaBaby zu de Gewënner vum Joer. Den 24kGoldn hat dëst Joer ee groussen Hit mam Titel "Mood", deen duerch TikTok weltwäit bekannt gouf. D'Single war wochelaang op Plaz 1 vun den Charts an huet weltwäit ronn eng Millioun Streams notéiert. Awer och den DaBaby ass schonn ee richtegen TikTok-Held: Säi Song "Rockstar", deen hie mam Roddy Rich eraus gehaen huet, ass richteg viral gaangen. An de Video zu senger Remix-Versioun vum Dua Lipa Song "Levitating" ass souguer a Kooperatioun mat TikTok entstanen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Arizona Zervas, Benny Blanco, Post Malone

Lauschtert eran