D'Newcomerin Tate McRae presentéiert mat sengem neie Song "r u ok" ee potenziellen neien Hit. 

Fakten
Zanter dësem Joer ass di jonk kanadesch Sängerin, Musekerin an Dänzerin Tate McRae e Star. De Grond dofir ass seng Pop-Ballade "you broke me first", déi weltwäit fir grouss Begeeschterung suergt an der Sängerin de groussen Duerchbroch bruecht huet. Grad wéi dësem Hit handelt och di nei Single "r u ok" iwwert een Ex-Partner, deen d'Bezéiung op en Enn bruecht huet an lo zréck a säi Liewe wëllt. Mee d'Sängerin séngt am Songtext, dass hatt an der Tëschenzäit genuch Zäit hat, fir des vergaange Bezéiung ze reflektéieren a si sech sécher ass, dass hatt hien net méi zréck wëllt.

Aussergewéinleches:
D'Tate McRae ass ee richtegt Multi-Talent. Nieft dem Sangen, danzt hatt nämlech och schonn zimmlech laang. Mat 13 Joer huet hatt souguer di 13. Plaz an der US-Show "So You Think You Can Dance" beluecht. Op sengem Instagram-Account post hatt och nach reegelméisseg Danz-Videoe vu sech.

Fréier Hits
Di kanadesch Sängerin ass dëst Joer als Newcomerin duerchgestart. Nodeems hatt 2019 vum New Yorker Label RCA Record ënner Kontrakt geholl gouf, huet hatt dëst Joer seng éischt EP "All the Things I Never Said" eraus bruecht. Mat senger aktueller Single „you broke me first“ huet d'Tate weltwäit d'Charts gestiermt. A méi wéi 12 Länner war de Song an den TOP 25 vun de verschiddene Single-Charts

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lauv, Shawn Mendes, Dean Lewis

Lauschtert eran