Deep House Nummer fir d'Enn vum Joer

Fakten:
De brittesche Produzent an DJ Paul Woolford huet zesumme mam US-amerikanesche Produzent Diplo an der amerikanescher Sängerin Kareen Lomax den Titel "Looking For Me" eraus bruecht- eng hypnotesch EDM-Ballade, déi vrun allem duerch déi déif Stëmm vun der Sängerin opfällt. De Song kënnt mat ganz wéineg Mëttelen aus: Een dezente Beat, sphäresche Synthie-Sound an ee rhythmesche Piano. Am Refrain vum Song séngt d'Kareen einfach just: "Oh yeah".

Aussergewéinleches
D'Kareen Lomax ass ee grousse Fan vum Diplo an huet hien zejoert ganz onkonventionell via Facebook ugeschriwwen. Wat doraus ginn ass, kënne mir elo all héieren. "Looking For Me" weist, dass ee sech och mol eppes traue muss, fir Erfolleg ze hunn.

Fréier Hits
Den Diplo ass ganz villsäiteg engagéiert. Nieft senge Projete wéi Jack Ü, Major Lazor, Silk City a Kollaboratioune mam MØ, Ellie Goulding, Dillon Francis oder Sidepiece huet hien elo eng wieder Kollaboratioun um Start.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Chainsmokers, French Montana, Calvin Harris

Lauschtert eran