Den nordireschen Duo ass zréck mat neier Musek.

Fakten:
Bicep ass een Duo vu Belfast, de Matt McBriar an den Andy Ferguson, déi duerch déi gemeinsam Leidenschaft fir analoge Sound zesumme komm sinn. Viru kuerzem hu Bicep hir nei Single "Apricots" eraus bruecht. D'Lidd ass op hirem 2. Studioalbum "Isles" ze fannen, deen den 22. Januar 2021 eraus kënnt.

Aussergewéinleches
Musikalesch soll den neien Album un eng Aart "home listening version" vun engem Bicep-Concert erënneren. Zousätzlech hu Bicep di multikulturell Aflëss verschafft, déi si an hirer neier Londoner Heemecht erlieft hunn. Op der neier Single "Apricots" héiert een ënner anerem Vocal-Samples aus Malawi a Bulgarien.

Fréier Hits
2017 hu Bicep hiren Debütalbum eraus bruecht an et domat an d'Top 20 vun de britteschen Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
CamelPhat, Cassius

Lauschtert eran