
© Youtube screenshot
Den iresche Sänger presentéiert mat "Days Like This" ee Cover vum Van Morrison-Klassiker
Fakten
Den Dermot Kennedy presentéiert mat "Without Fear – The Complete Edition" eng nei Oplag vu sengem Debütalbum vun 2019. Op der "Complete Edition" sinn net just Hits wéi "Giants" an "Outnumbered" ze fannen, mee och verschidde Live-Versiounen grad wéi eng Coverversioun vum Van Morrison-Klassiker "Days Like This". Mat sengem eenzegaartege Sound, deen aus Elementer vun Hip-Hop, Folk an der Electronic-Music besteet, begeeschtert den iresche Sänger weltwäit.
Aussergewéinleches:
Kuerz éier säi groussen Hit "Power over Me" ageschloen huet, war den éischter nach onbekannten Dermot Kennedy fir e Concert zu Lëtzebuerg an der Rockhal.
Fréier Hits
A senger Heemecht war2019 kee Song esou erfollegräich gewiescht wéi dem Dermot Kennedy säin 1. groussen Hit "Power over Me". E Lidd, dat et an eisem Eldo Chartbreaker bis op d'Plaz 2 gepackt hat.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, Hozier & Tom Walker