Den Ed Sheeran huet een Iwwerraschungslidd eraus bruecht.

Fakten:
De brittesche Museker Ed Sheeran huet iwwerraschend een neie Song verëffentlecht. Mat engem neien Album huet di nei Single näischt ze dinn. "Hey Leit, "Afterglow" ass ee Song, deen ech d'lescht Joer geschriwwen a fir iech eraus brénge wollt. Et ass net déi éischt Single vum nächsten Album, mee einfach just ee Song, deen ech gären hunn an dir hoffentlech och. Vill Spaass!", schreift de Kënschtler op Instagram. "Afterglow" dierft tatsächlech sou eppes wéi ee Chrëschtdagscadeau u seng Fans sinn, well den Ed Sheeran wënscht de Leit dobäi och schéi Feierdeeg an gutt neit Joer. Den Ed Sheeran, dee meescht gestreamte brittesche Kënschtler vum Joer 2020 a Groussbritannien, stécht aktuell eigentlech matten a senger wuel verdéngter Paus. Zesumme mat senger Fra Cherry Seaborn këmmert hie sech ëm säi kléngt Meedchen Lyra Antarctica Seaborn Sheeran, wat am August op d'Welt koum.

Aussergewéinleches:
Zanter Ufank vu senger Carriere als Museker huet den Ed Sheeran regelméisseg Gaaschtoptrëtter an Fernsehserien. Sou huet een hien 2015 an der Sitcom "Undateable" gesinn, am selwechte Joer och an der Serie "The Bastard Executioner" an der Roll vum Sir Cormac, an am Summer 2017 an enger Episode vun "Game of Thrones". Och am Film "Bridget Jones’ Baby" aus dem Joer 2016 hat den Ed Sheeran ee Gaaschtoptrëtt. Am Dezember 2017 krut den Ed Sheeran vum Prince Charles d'Auszeechnung zum Member vum "Order of the British Empire" iwwerreecht.

Fréier Hits: 
D'Lëscht vun den Ed Sheeran Hits ass laang. Ugefaangen huet seng Erfollegsstory am Joer 2011 mat "The A Team". "Sing", "Thinking Out Loud" a "Shape of You" si just 3. Nummer 1 Hits déi an de Joren duerno erauskomm sinn. Fir d'lescht hat den Ed Sheeran mam Khalid den Hit "Beautiful People" gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, Shawn Mendes, James Bay