De Felix Jaehn ass zréck mat senger neier Single "I Just Wanna" mat der Singer/Songwriterin Bow Anderson a mam EDM-Trio Cheat Codes.

Fakten:
No sengem leschten Hit "No Therapy" ass de Felix Jaehn zréck mat der Single "I Just Wanna". Dofir huet hie sech d'Newcomerin Bow Anderson an d'Boot geholl, déi mat hirer souleger Stëmm fir de Gesang zoustänneg ass. Ënnerstëtzt gëtt d'Bow Anderson vum EDM-Trio Cheat Codes. D'Resultat ass eng entspaanten House-Nummer fir doheem.

Aussergewéinleches:
De Felix Jaehn war schonn als klengt Kand begeeschtert vun der Musek, mat 6 Joer huet hien ugefaange Gei ze spillen. Als Teenager huet hien sech säin éischt DJ-Equipement kaaft an huet sech selwer bäibruecht wéi een opleet. No senger Première ass hie mat 17 Joer op London geplënnert an ass do ee Joer an d'"Point Blank Music School" gaangen. Wéi de Felix Jaehn erëm zréck an Däitschland war, huet hien ugefaangen selwer ze produzéieren an huet esou de Grondsteen fir seng Karriär geluecht.

Fréier Hits:
2014 huet de Felix Jaehn mat engem Remix vum Omi sengem Titel "Cheerleader" säi groussen Duerchbroch gefeiert. "Cheerleader (Felix Jaehn Remix)" war di zweet Single-Auskopplung vum Felix Jaehn sengem Debut-Album "I".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Alle Farben, Lost Frequencies

Lauschtert eran