Am Februar 2021 bréngt de Roosevelt säin neien an 3. Studio-Album "Polydans" eraus, elo ass hien zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
No "Sign" a "Feels Right" huet den däitsche Kënschtler Roosevelt elo säin neien Track "Strangers" erausbruecht. Ewéi hie selwer an engem Interview sot, kombinéiert de Roosevelt franséischen House mat 80er-Synth, Yacht-Rock an och engem Sträicher-Arrangement vum Kaiser Quartett. Trotz dem Afloss vun deene verschiddene Stiler behält hien awer och säin Indie-Signature-Sound bei. Dat suergt dofir, datt een op "Strangers" och ganz gutt danze kann. Inhaltlech geet et am neie Song ëm eng immens komplizéiert Bezéiung. Op sengem neien Album wäert et dann och ëm Léift goen, de Roosevelt wäert op "Polydans" nämlech seng Léift zur Club-Musek zelebréieren.

Aussergewéinleches:
Beim Marius Lauber alias Roosevelt ass et scho viru sengem Solo-Projet gutt gelaf. Mat senger Band "Beat!Beat!Beat!" war hie ganz erfollegräich. Dono gouf hie mat sengem Solo-Elektroprojet Roosevelt international bekannt.

Fréier Hits:
Mat senger éischter EP "Elliot" aus dem Joer 2013 hu grouss Plattformen wéi Pitchfork de Sänger entdeckt. Mat sengem Debut-Album vun 2016 goufen och déi däitsch Medien op hien opmierksam.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Empire of the Sun, Capital Cities