Die Fantastischen Vier sinn zréck mat enegr neier Single

Fakten:
D'Hip-Hop-Band fiert mat hirem gesellschaftskritesche Stil weider an huet ee Lidd iwwert d'Corona-Krise eraus bruecht. e Refrain: „Irgendwann schau’n wir auf die Zeit zurück, / staunen, was übrig blieb. / Bau’n weiter auf den Traum vom Glück, / irgendwann kommt es auch zurück. / Vergessen den ganzen Schmerz, / versteh’n, was uns jetzt berührt. / Vertrau’n wieder unserm Herz und nicht irgendeinem ‚hab gehört‘“:

Aussergewéinleches:
Eigentlech wollten sech Die Fantastischen Vier 2020 op hir grouss Stadion-/ Open Air Tour am Kader vun hirem 30-järege Bandjubiläum konzentréieren. Déi konnt wéinst der Pandemie net ofgehale ginn, d'Bandmemberen ware wéi all d'Leit doheem am Lockdown. Di nei Single "Irgendwann" resultéiert aus dëser Zäit an ass ee fir  d'Band ongewinnt melancholeschen awer och tréischtende Rapsong, dee sech klassesch aus den 3 Perspektive vum Smudo, Thomas D a Michi Beck mam Thema "Irgendwann" beschäftegt.

Fréier Hits
Deen éischten Chartserfolleg am Genre Däitschrap haten die Fantastischen Vier am Joer 1992 mam Titel "Die da!?!", mat deem si a ganz Däitschland bekannt goufen an och den däitschen Hip-Hop populär gemaach hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fettes Brot, Jan Delay, Peter Fox

Lauschtert eran