Haut presentéiere mir iech am Xclusiv ganz nei Musek aus Australien.

Fakten:
Am Alter vu 14 Joer huet de Kid LAROI um renomméierten australeschen "Triple J Unearthed"-Concours deelgeholl an huet et do bis an d'Final gepackt. Dat sollt him Optrëtter am Virprogramm vum verstuerwene Rapper Juice WRLD abréngen. Déi zwee sollte gutt Kolleege ginn an den US-Rapper huet de LAROI vun do un a senger weiderer Karriär gefërdert. Nom Dout vum Juice WRLD Enn 2019 war et dunn hir gemeinsam Single "Go", déi dem jonken Australier zum Duerchbroch verhëllefe sollt. Och den Track "Hate the Other Side" vum WRLD sengem posthumen Album "Legends Never Die", op deem de Kid LAROI bedeelegt war, sollt e groussen Erfolleg ginn. Am Juli 2020 huet de Museker vu Sydney säin Debut-Album "Fuck Love" erausbruecht, do mat drop ass och seng aktuell Single "WITHOUT YOU", déi virun allem duerch TikTok immens erfollegräich ass. Am Text geet ëm eng Haassléift.

Aussergewéinleches:
Den Charlton Kenneth Jeffrey Howard, ewéi de Kid LAROI mat biergerlechem Numm heescht, gouf als Jong vun enger einheimescher australescher Mamm an engem franséische Papp gebuer. Hien ass Member vun de Gamilaraay, engem Stamm vun den Aborigines, deen tëschent New South Wales a Queensland doheem ass. D'Gamilaraay ginn och Kamillaroi genannt. Dohier kënnt och säi Kënschtlernumm "The Kid LAROI".

Fréier Hits:
Et war seng Mamm déi den Charlton a ganz jonkem Alter mat R&B a Rap a Verbindung bruecht huet, si huet him ënnert anerem Fugees, Erykah Badu oder Tupac virgespillt. Mat 13 stoung de Kid LAROI dunn eng éischte Kéier selwer op der Bün, déi éischte Kéier esou richteg Opmierksamkeet krut hie mam Song "Diva", deen et an Australien esou just net an d'Top 50 gepackt hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
blackbear, Juice WRLD, Iann Dior & Internet Money

Lauschtert eran!