Haut am Xclusiv presentéiere mir iech déi ganz nei Single "Dákiti" vum Bad Bunny x Jhay Cortez.

Fakten:
Mat senger neier Single "Dákiti" liwwert de Bad Bunny eis summerlech Reggaeton-Vibes am Wanter. Dofir huet hie sech de Sänger Jhay Cortez mat an d'Boot geholl, dee selwer voll d'Latin-Trap- a Reggaeton-Schinn fiert. Och wann et hier éischt offiziell Kollaboratioun ass, kléngen déi zwee Kënschtler wéi en agespillten Team. Hir Stëmmen harmonéiere perfekt mat deem douce Synth-Toun an deenen deepen Drums. Dee perfekten Track fir een an dëse kale Wanterdeeg e bëssen a Feierlaun ze versetzen.

Aussergewéinleches:
De Bad Bunny ass dëst Joer richteg on fire. Am Februar huet de Sänger aus Puerto Rico den Album "YHLQMDLG" erausbruecht, am Mee huet hien dunn direkt mat "LAS QUE NO IBAN A SALIR" nogeluecht. A well "aller guten Dinge" ëmmer 3 sinn, huet de Bunny Enn November einfach emol säin drëtten Album fir dëst Joer mam Titel "EL ULTIMO TOUR DEL MUNDO" released. Do mat drop ass och déi nei Single "Dákiti".

Fréier Hits:
De Bad Bunny hu mir ënnert anerem schonn un der Säit vum Rapper Drake ("MIA") oder vum J Balvin an dem Cardi B ("I Like It") héieren. Den Jhay Cortez ass beschtens bekannt fir etlech Reggaeton-Hits a konnt ufanks 2019 ënnert anerem mat der Single "No Me Conoce" e groussen Erfolleg feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Ozuna, Maluma, J Balvin & Nicky Jam

Lauschtert eran!