Haut presentéiere mir iech eng ganz nei Kollaboratioun vum blackbear an dem Wiz Khalifa.

Fakten:
Pünktlech fir dat neit Joer hunn de blackbear an de Wiz Khalifa hiren neie Song "cheers" erausbruecht. Och wann den Ulass am Fong feierlech ass, behandelt d'Lidd e ganz eescht Thema. Déi Zwee prosten nämlech op de Stress an déi schlecht Phasen an hirem Liewen.

Aussergewéinleches:
Esouwuel de blackbear ewéi och de Wiz Khalifa waren dëst Joer déck beschäftegt. De blackbear huet säi 5. Studio-Album "everything means nothing" erausbruecht, de Wiz Khalifa huet sengersäits ganz vill verschidde Projeten ewéi "3 Doobies", "Big Pimpin" oder "The Saga of Wiz Khalifa" erausbruecht. Trotz Corona hunn déi zwee Museker fonnt, datt d'Joer 2020 e wierdegen Ofschloss verdéngt hätt.

Fréier Hits:
"Young Wild & Free", "Black & Yellow" oder "Sucker For Pain" si grouss Erfolleger bei deenen de Wiz Khalifa an der Vergaangenheet matgewierkt huet. Trotz dem Fait, datt de blackbear scho jorelaang am Musek-Business mat dobäi ass, konnt hien eréischt 2019 mat Lidder ewéi "hot girl bummer" oder "queen of broken hearts" säi groussen Duerchbroch feieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Machine Gun Kelly, Yungblud, Drake & Lil Wayne

Lauschtert eran!