Haut presentéiere mir iech am Xclusiv e weidere groussen Hit vun TikTok.

Fakten:
Déi gebierteg Kalifornierin Claire Rosinkranz suergt mat sengem Hit "Backyard Boy" fir e bësse Summer-Feeling an deene kalen Deeg. D'Musekerin beschreift am Song d'Gefill frësch verléift ze sinn: D'Nervositéit, d'Euphorie an d'Begeeschterung déi ee verspiert, wann een eng nei Persoun kenneléiert. Ouni et ze mierken ass hatt domat och op TikTok viral gaangen an hat op eemol iwwer 300.000 Videoe mat sengem Track.

Aussergewéinleches:
Eigentlech wollt d'Claire Rosinkranz Ballerina ginn an huet och bis zum Ausbroch vun der Pandemie déi meeschten Zäit mat danze verbruecht. Well hatt am Lockdown op eemol däitlech méi Fräizäit hat, huet d'Amerikanerin decidéiert Songs opzehuelen an ze verëffentlechen. Net nëmme mat der Dauer vu "Backyard Boy" - d'Lidd dauert just 2 Minutten a 7 Sekonnen - mee och duerch de Fait datt hatt eréischt 16 Joer huet, bestätegt hatt den aktuellen Trend an der Musekswelt.

Fréier Hits:
"Backyard Boy" ass ee vu véier Lidder déi um Claire senger Debut-EP "BeVerly Hills BoYfRiEnd" drop sinn, déi wärend dem Lockdown entstanen ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Benee, Tate McRae, Conan Gray & Remi Wolf

Lauschtert eran!