Haut presentéiere mir iech déi ganz nei Single vum Justin Bieber.

Fakten:
Direkt op Neijoerschdag huet den Justin Bieber seng éischte Single fir 2021 erausbruecht. Ewéi esou dacks séngt de Kanadier och op "Anyone" iwwert d'Léift zu senger Fra Hailey Bieber -  hien ass a wäert ëmmer fir hatt do sinn, egal wat ass. Genee esou romantesch ewéi de Message vum Song ass och de musikaleschen Deel, den Justin presentéiert sech nämlech ganz gefillsvoll.

Aussergewéinleches:
Et lount sech och de Video zu senger neier Single "Anyone" ze kucken. Ganz am Stil vum Rocky spillt de Bieber hei nämlech e Boxer, dee sech ob e grousse Kampf virbereet an deen natierlech och gewënnt. Fir de Musek-Video huet de Museker mat Hëllef vu ganz vill Makeup och extra alleguer seng Tattooe verschwanne gelooss.

Fréier Hits:
Am Februar 2019 huet den Justin Bieber säi 5. Studio-Album "Changes" erausbruecht. Dorop verschafft hien ënnert anerem d'Joren no sengem Duerchbroch als Teenie-Star, an deenen hie ganz vill mat senger mentaler Gesondheet ze kämpfen hat. An der lescht huet hie virun allem duerch Kollaboratioune mam Ariana Grande ("Stuck With U"), Chance The Rapper ("Holy") oder Shawn Mendes ("Monster") op sech opmierksam gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Zayn, Bruno Mars & Niko Walters