Haut presentéiere mir iech déi ganz nei Single vun AJR.

Fakten:
Mat "My Play" ass der Band AJR en emotionale Pop-Song gelongen. An de Lyrics geet et ëm e Kand, deem seng Eltere sech grad scheede loossen an dat d'Gefill huet datt si hatt vergiess hunn. Zesumme mam Release vun där neier Single "My Play" hunn AJR och de Release-Datum an den Titel vun hirem neie Studio-Album bekannt ginn, "OK ORCHESTRA" soll deemno de 26. Mäerz 2021 erauskommen.

Aussergewéinleches:
2007 hunn déi dräi Bridder Adam, Jack a Ryan ugefaangen zesumme Musek ze maachen. De Kënschtlernumm AJR war dunn och séier festgeluecht, et si ganz einfach d'Ufanksbuschtawe vun hire Virnimm. Fir de groussen Duerchbroch ze packen hunn d'Gebridder, déi ufanks als Stroossemuseker opgetruede sinn, en éischter ongewéinleche Wee gewielt: Si hunn nämlech op Twitter all méiglech Staren ugeschriwwen. Schlussendlech ass déi australesch Sängerin Sia op d'Band opmierksam ginn an huet déi Dräi bei engem australesche Label ënnerbruecht.

Fréier Hits:
2017 konnten AJR mat "Weak" d'Charts a ganz Europa stiermen. Duerno koum ënnert anerem den Titel "Sober Up". Ganz rezent konnt d'Band mat "Bang" e groussen Erfolleg feieren, e Song an deem d'Gebridder kloer stellen ewéi schwéier et ass seng Jugend hannert sech ze loossen an endlech op eegene Been ze stoen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Twenty One Pilots, Jon Bellion, Imagine Dragons & blackbear

Lauschtert eran!