Haut presentéiere mir iech eng ganz nei Single vun Easy Life.

Fakten:
Easy Life si 5 jonk Museker vu Leicester. De Kapp vun der Band ass de Sänger a Songwriter Murray Matravers, deen d'Band 2017 gegrënnt huet. D'Museker si bekannt fir hir aussergewéinlech Mëschung aus Indie-Pop an Hip-Hop an déi si ganz dacks och nach divers Elementer aus ganz ville verschiddenen anere Stiler abauen. Esou och op hirer aktueller Single "Daydreams". Der Band no wier den Track eng nostalgesch Hommage u schéi Summerdeeg a géif eng Situatioun beschreiwen déi mir alleguer warscheinlech aus deene leschten Wochen a Méint kennen: Vill ze vill Zäit hunn, doheem sëtzen, viru sech hin dreemen an driwwer nodenke wat hätt kënne sinn.

Aussergewéinleches:
Fir "Daydreaming" hunn Easy Life sech um 1972er-Aretha-Franklin-Song "Day Dreaming" inspiréiert. Et ass awer keng klassesch Cover-Versioun, mee déi 5 Museker hunn doraus eppes komplett Neies an Eegenes gemaach.

Fréier Hits:
Direkt mat hirem éischte Release "Pockets" haten Easy Life Succès a goufen 2018 direkt vun Island Records ënner Vertrag geholl. Zanterhier gëlt d'Band virun allem a Groussbritannien als immens villverspriechend. An der lescht hu si grouss Erfolleger ewéi "Nice Guys" oder "Dead Celebrities" erausbruecht. An deenen nächste Woche soll dann och endlech hiren Debut-Album kommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
blackbear, Arlo Parks, Lauv & Oliver Tree

Lauschtert eran!