Kings of Leon presentéieren eng éischt Single aus hirem neien Album.

Fakten:
De 5. Mäerz 2021 bréngen d'Kings Of Leon hiren neien Album mam Titel "When You See Yourself" eraus . Elo scho gëtt et mam Titel "The Bandit" eng éischt Single. Mat "The Brandit" liwwere Kings Of Leon eng dynamesch Nummer- ee Mix tëscht vertrautem Rock a modernem Pop-Twist.

Aussergewéinleches
De Papp vun deenen 3 Bridder a Bandmemberen, den Ivan Léon Followill, war Wanderpriedeger. Seng Kanner waren dohier als éischt am Kierchenorchester musikalesch aktiv. 

Fréier Hits
Dee 4. Album "Only By The Night" aus dem Joer 2008 huet dem Quartett den Duerchbroch bruecht. Hei waren Hits drop ze fannen wéi "Use Somebody" an "Sex On Fire". Iwwer 6 Millioune Mol huet den Album sech verkaf an iwwer 2 Joer huet e sech an den engleschen an amerikaneschen Charts gehalen. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Killers, Kasabian, The National

Lauschtert eran