D'Zara Larsson liwwert mat "Talk About Love" feat. Young Thug ee weidere Virgeschmaach op säin neien Album "Poster Girl".

Fakten:
Ufank Januar huet di 23 Joer al Sängerin hiren neie Song "Talk About Love" eraus bruecht. Als Feature Kënschtler mat dobäi ass och den US-amerikanesche Rapper Young Thug vertrueden. Di nei Single ass ee weidere Virgeschmaach op den neien 3. Studioalbum "Poster Girl". Um Album wäerten nieft "Talk About Love" och di aner Singelen wéi "Wow" an "Ruin My Life" vertruede sinn. De Releasedatum fir den Album ass de 5. Mäerz.

Fréier Hits:
D'Zara Larsson ass eng Popsängerin aus Schweden. Groussen Erfolleg hat hatt mat Lidder wéi "Lush Life" an "Never Forget You" Feat. MNEK.  Den Tyga ass een US-amerikanesche Rapper a Museksproduzent. Säin Duerchbroch hat hie mat der Single "Rack City".

Aussergewéinleches:
An engem Statement erkläert d'Zara Larsson, dass de Song vun där Phase an enger Bezéiung handelt, wou een nach net genee weess, op ee mat deem anere wëllt oder wäert fest zesumme kommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Dua Lipa, Tove Lo

Lauschtert eran