Di kanadesch Newcomerin start mat dësem Hit richteg duerch

Fakten:
Wat als Gedanken, als Iddie ugefaangen huet, huet sech an knapp 72 Stonnen zu engem komplette Song entwéckelt. Den Titel "'I'm not Pretty" - mat deem di kanadesch Sängerin Jessia dëst Joer am gaangen ass, richteg duerchzestarten.

Fréier Hits:
D'Jessia ass eng jonk Popsängerin vu Vancouver déi an der Vergaangenheet scho mat eenzelen Lidder Erfolleg hat. Et ass awer eréischt mat dësem Song a mat Hëllef vun der Plattform TikTok, wou hatt richteg bekannt gouf.

Aussergewéinleches:
Den Titel "I'm not Pretty" baséiert um aktuelle "body positivity movement". Inspiréiert huet d'Sängerin sech un engem aktuellen TikTok Trend. An zwar huet d'Jessia do d'Ausso héieren, dass et ni zwou bescht Frëndinne ginn, déi alle béid gutt ausgesinn. Doropshin duecht d'Jessia, dass all seng eege Frëndinnen all gutt ausgesinn, an dass hatt selwer also wuel net sou flott wier. Hatt war e bësse frustréiert deen Dag an huet dunn dëse Songtext geschriwwen. TikTok User hunn d'Lidd ganz séier opgegraff an an eegene Video'e benotzt. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Dua Lipa, Tove Lo

Lauschtert eran