Den Tom Grennan presentéiert déi éischt Single vu sengem 2. Album "Evering Road".

Fakten:
Säin Debütalbum huet méi wéi eng Véierel Milliard Streams notéiert an et war ee vun de meescht verkaaften Debütalben vum Joer 2018. Elo ass dee brittesche Sänger a Songwriter zréck mat der neier Single "Little Bit Of Love". Et ass een éischte Virgeschmaach op säin 2. Album "Evering Road", deen den 5. Mäerz eraus kënnt. Am Géigesaz zum Virgänger soll den neien Album zwar eng fréier Bezéiung behandelen, awer trotzdeem keen Trennungsalbum sinn. Deemno dokumentéiert den Album "eng Iwwergangsphase, an där hien d'Gefill hat, vill geléiert ze hunn an zu engem neie Mann eru gewuess ze sinn", heescht et an engem Statement.

Aussergewéinleches:
Als Teenager wollt den Tom Grennan Profifuttballspiller ginn. Hien huet sech dunn awer fir d'Musek decidéiert. Dës Decisioun dierft de 25 Joer ale Sänger kaum bereien.

Fréier Hits
2016 huet den Tom Grennan seng Debüt-EP "Something In The Watereraus bruecht. Den Titeltrack war deen éischte groussen Hit fir de Museker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Lewis Capaldi, JP Cooper

Lauschtert eran