No "Control" ass d'Zoe Wees zréck mat neier Musek.

Fakten:
Dat grad mol 18 Joer alt Zoe Wees huet 2020 mat "Control" ee groussen Hit gelant. Mat "Girls Like Us" schléit hatt een neit Kapitel a senger weiderhin jonker Carrière op. Den Titel huet och ee wichtege Message. An zwar weist sech d'Zoe Wees hei solidaresch mat jonke Fraen op der ganzer Welt, déi all Dag den Drock vun der Gesellschaft ze spiere kréien. Et ass e Mëttelfanger un di onerreechbar Schéinheetsidealer, déi ëmmer nach vu Bands, Influencer an Algorithme propagéiert ginn.

Aussergewéinleches:
Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Fréier Hits:
D'Zoe Wees ass Newcomerin vun Hamburg. Mat senger Debüt-Single "Control" gouf hatt bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, Benee, Julia Michaels

Lauschtert eran