Mat sengem Debüt-Song start d‘Olivia Rodrigo elo duerch

Fakten:
Hatt ass deen neie Star an der Musekswelt. Di 17 Joer al Newcomerin Olivia Rodrigo iwwerrascht mat der Debütsingle „Drivers license“ an déi Nummer huet et a sech.

Aussergewéinleches:
Och wann dat lescht Joer vill schlecht Erënnerungen mat sech dréit, sou sinn et di kléng Saachen, déi ee glécklech gemaach an inspiréiert hunn. Sou och beim Olivia. Am Juli 2020 huet hatt op Instagram ugekënnegt, dass hatt endlech säi Führerschäin bestanen huet. Elo kéint hatt am Auto traureg Lidder lauschteren a n dobäi kräischen, sot hatt. Des Virstellung huet d’Olivia inspiréiert, wéi hatt op TikTok verréit: „Ech hu mech u mäi Piano gesat a geduecht, déi Erfarung kéint ech gutt an engem Lidd behandelen. Den Erfolleg gëtt him Recht.

Fréier Hits:
Am Disney-Universum kennt een d‘Olivia Rodrigo scho méi laang an och  TikTok an Instagram ass di kalifornesch Sängerin net onbekannt. Mee elo stellt hatt och d‘Musekswelt komplett op de Kapp! Mat sengem éischten eegene Song „Driver’s license“ begeeschtert di 17 Joer al Sängerin de Moment all Mënsch.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tate McRae, Camila Cabello, Shawn Mendes

Lauschtert eran