No "Head Shoulders Knees & Toes" sinn Ofenbach zréck mat enger neier Single

Fakten
De franséischen Deep-House-Duo Ofenbach huet an de leschte Jore mat Hits wéi "Be Mine", "Katchi" oder viru kuerzem "Head Shoulders Knees & Toes" - d'Charts gestiermt. Elo sinn di 2 Museker zréck mat der neier Nummer "Wasted Love". De Song ass zesummen mam Lagique entstanen. 

Aussergewéinleches
Ofenbach setzt sech aus de Produzenten Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.

Fréier Hits
De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach.  “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single. Enn 2018 haten Ofenbach mat "Paradise" zesumme mam Benjamin Ingrosso ee weideren Hit. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Kungs, Feder

Lauschtert eran