Mat senger neier Single iwwerrascht d'Holly Humberstone mat engem poppege Sound a schaaft domat bescht Viraussetzungen, als Newcomerin duerchzestarten.

Fakten
D'Newcomerin Holly Humberstone presentéiert seng Single "Vanilla" an domat ee weideren Extrait vu senger EP "Falling Asleep at the Wheel". Dora verschafft hatt eng negativ Bezéiung an iwwerrascht mat positivem Sound.

Aussergewéinleches
An der Single "Vanilla" verschafft d'Sängerin eng Bezéiung, déi just aus Problemer bestanen huet an un där hatt d'Holly als éischt nach probéiert huet, festzehalen. "Now I don't wanna be your enemy / But truly I ain't got the energy / To wait for somebody who'll never be / It never works, it never will", séngt hatt hei. Stëmmlech erënnert d'Holly staark u Kënschtlerinne wéi Lorde, vun deem hatt sech och musikalesch inspiréiere léisst.

Fréier Hits
Di grad mol 21 Joer al Sängerin aus England ass an de leschte Méint grouss duerchgestart! Ufank 2020, wéi normal Concerten nach méiglech waren, ass hatt op 8 Concerten am Virprogramm vum Lewis Capaldi opgetrueden. Deemools nach mat senger éischter Single "Deep End" am Gepäck. Mëttlerweil huet d'Sängerin schonn e puer Livestream-Concerten hannert sech a viru kuerzem seng éischt EP "Falling Asleep At The Wheel" eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Zoe Wees, Tate McRae

Lauschtert eran