VIZE an Alan Walker hunn eng Collaboratioun eraus bruecht- eng Neioplo vun engem bekannte Song

Fakten
Den däitschen House-Duo VIZE huet zesumme mam norwegeschen Museker Alan Walker eng nei Single eraus bruecht.

Fréier Hits
Mat hirem onverkennbare Stil, hu VIZE 2020 e sëllege Singelen a Remixen eraus bruecht. Zesumme mam Mark Forster, Tom Gregory, a Capital Bra konnt den Duo, héich Chartpositiounen erueweren. Oft an hire Produktiounen als Sängerin dobäi ass d'Leony, wéi och an dësem Fall. Den Alan Walker ass zanter sengem Welthit "Faded" net méi aus der Dance-Szene ewech ze denken. 

Aussergewéinleches
"Space Melody" ass am Original 1979 eraus komm a gouf vum Filmmusek-Komponist an Elektro-Pionéier Edward Artemyev fir de Film "Siberiade" geschriwwen. Vize an Alan Walker presentéieren den Titel elo zesummen an enger neier Versioun. Souwuel bei YouTube wéi och bei Spotify huet de Song mat Vocals vum Leony no just engem Dag eng hallef Millioun Opriff notéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Meduza. Alle Farben, LOst Frequencies

Lauschtert eran