No "Can I Call You Tonight" ass den amerikanesche Museker zréck mat enger neier Single

Fakten:
Den Newcomer Dayglow aka Sloan Struble droppt seng nei  Single "Close To You"! Een Track, dee vun 80er-Jore-Pop inspiréiert ass a vun der staarker Unzéiung tëscht zwou Persounen handelt.Dora geet et ëm dat elektriséierend Gefill tëscht zwou Persounen op enger Party, déi sech gutt fannen, awer sech net trauen, mateneen ze schwätzen.

Aussergewéinleches:
Den Dayglow ass Ufank 20, kënnt vun Austin am Texas an huet säin Debütalbum am Kannerzëmmer opgeholl. An der Schoul hat hien di ganz Zäit dovu gedreemt, an doheem huet hien dann net seng Hausaufgage gemaach, mee u senger Musek weider geschafft.

Fréier Hits: 
Mat sengem Debütalbum "Fuzzybrain" huet den Dayglow aka Sloan Struble säin Duerchbroch gepackt. Mat der deemoleger Single-Auskopplung "Can I Call You Tonight?" hat de Singer/Songwriter säin éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The 1975, Foster The People, Neighbourhood