"Don’t Play", fuerderen Anne-Marie x KSI x Digital Farm Animals an hirer Kollaboratioun.

Fakten
Sollt sech eigentlech vum selwe verstoen: et spillt een net mat de Gefiller vun anere Leit. "Dont’ play games with my heart", fuerdert d'Anne-Marie a senger neier Single. Hei kollaboréiert d'Anne-Marie mam brittesche Rapper KSI a mam Produzent Digital Farm Animals. Den offizielle Video beschäftegt sech mat ënnerschiddleche Kampfsportaarten an erzielt eng Geschicht, déi vun der Kraaft vum "Underdog" handelt a weist, dass all Mënsch ee Réckschlag iwwerwanne kann, wann e komplett un eng Saach gleeft. Scho geschwë gëtt et nach méi nei Musek vum Anne-Marie, well d'Brittin hëlt de Moment hiren 2. Studioalbum op.

Aussergewéinleches
D'Anne-Marie gouf mat 12 Joer Karateweltmeeschterin. De Sport huet hatt staark markéiert an d'Disziplin, déi hatt hei geléiert, huet him och am Museksbusiness weider gehollef. Säin éischte Mixtape, deen 2015 eraus koum, huet hatt "Karate" genannt.

Fréier Hits
Mat "Rockabye" hat d'Anne-Marie am Joer 2016 e Mega-hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Seng Lidder "Alarm" an "Ciao Adios" sollten d'lescht Joer zu Chart-Hits ginn. An aktuell ass d'Britin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Alma & Mabel

Lauschtert eran