Mat "Friday" liwwert den DJ a Produzent Riton een dynamesche Party-Track.

Fakten
"Friday" ass eng euphoresch Party-Hymne mat dynameschem Beat. Baséiert huet de Riton sech dofir un der 1992er Hymne "Push The Feeling On" vun Nightcrawlers. De Sample ass an enker Zesummenaarbecht mam John Reid, dem Frontmann vum schotteschen House-Museksprojet, entstanen.

Aussergewéinleches
D'Iddie zu "Friday" ass dem Riton op eng éischter ongewéinlech Aart komm. Den DJ hat op YouTube ee Video vum Mufasa an Hypeman gesinn, an deem de Mufasa zum MK Remix vu "Push The Feeling On" séngt an danzt. De Video ass viral gaangen an huet de Mufasa an den Hypeman weltwäit bekannt gemaach. Fir de Riton war direkt kloer, dass hien fir "Friday" net just mam John Reid, mee och mam Mufasa a mam Hypeman zesumme schaffe wéilt.

Fréier Hits
Scho laang hunn d'Fans vum Riton op nei Musek gewaart. No sengem Mega-Hit"Turn Me On (feat. Vula)" aus dem Joer 2019 ass et roueg ginn ronderëm de britteschen DJ ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Duke Dumont, CamelPhat

Lauschtert eran