The Weeknd ass zréck mat enger weiderer Single aus sengem 4. Album

Fakten
Den Abel Tesfaye alias The Weeknd huet grad eréischt d'Single "Blinding Lights" eraus bruecht a presentéiert elo schonn di nächst. "Save Your Tears“ heescht deen neie Song, dee grad wéi  "Blinding Light" op sengem aktuellen a mëttlerweil 4. Studioalbum ze fannen ass. Mat engem komplett neie Gesiicht - opgesprëtzte Lëpsen inklusive weist The Weeknd sech am passende Video a séngt an enger Bar virun engem maskéierte Publikum, danzt op Dëscher an hantéiert mat enger  Spillpistoul. Musikalesch gëtt et düsteren 80er Synthie-Sound. Inhaltlech spillt de Sänger op eng vergaange Bezéiung un, déi wéinst him op en Enn gaangen ass. Obwuel hien alles bereit, weess hien dass et keen neien Ufank an dëser Bezéiung gëtt. 

Fréier Hits
2 Grammyen, 8 Billboard Music Awards, 2 American Music Awards, 9 Juno Awards an eng Oscarnominéierung fir de Song "Earned It" aus dem Soundtrack vu "Fifty Shades of Grey"  – dat ass de Bilan vum kanadesche Museker. Seng Single "Starboy" huet et esouguer bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Aussergewéinleches:
Gebuer an opgewuess ass The Weeknd als Fils vun ethiopeschen Immigranten am kanadeschen Toronto. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien nach kléng war. Seng Mamm huet d'Famill missen eleng versuergen, si huet am Dag als Infirmière geschafft an nuets englesch Coursen geholl, Do blouf net vill Zäit fir d'Erzéiung vun hirem Bouf an dofir huet seng Groussmamm sech gréisstendeels em hien gekëmmert, Si war et och, déi de Jong mat der Musek vertraut gemaach huet, Am Haus Tesfaye gouf alles gelauschtert, vun Jazz, Pop iwwer Indie bis hin zu Klassik.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Frank Ocean, Drake, Bruno Mars

Lauschtert eran