Aus sengem 6. Album "Positions" presentéiert d'Ariana Grande elo di 2. Single "34+35".

Fakten:
Am Oktober 2020 huet d'Ariana Grande säin neien Album eraus bruecht. "34+35" gläich 69! D'Ariana Grande presentéiert mat der neier Single ee Lidd wou et vrun allem ëm eppes geet: ëm Sex! D'Ariana Grande schwäermt an dësem Titel vun enger wëller Nuecht, déi ni ophält, vun der  Sexstellung 69 a vun der grousser Ausdauer vu sengem Partner.

Aussergewéinleches:
D'Ariana Grande huet Mëtt Januar 2021 eng Remix-Versioun vun "34+35" eraus bruecht a sech dofir Ënnerstëtzung vun de Power-Fraen Doja Cat a Megan Thee Stallion geholl. Musikalesch ënnerscheet sech de Remix awer net vun der regulärer Single, mee d'Lidd gouf einfach duerch d'Parts vun de Rapperinnen erweidert. De Cover ass am Comic-Look, genee wéi och de Video dozou.

Fréier Hits
D'Ariana Grande hat Hits wéi "No Tears Left to Cry", "God Is a Woman", "Breathin" a "Thank U, Next".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Selena Gomez, Demi Lovato, Rita Ora

Lauschtert eran