Silky City sinn zréck: den Elektro-Duo kritt Ënnerstëtzung vum Ellie Goulding.

Fakten:
4 Joer si vergaangen, säitdeem di 2 Produzenten Diplo a Mark Ronson zesummen den Duo Silk City gegrënnt hunn. No 2 Joer Paus mellt sech den Duo zréck mat neier Musek. Op der neier Single „New Love“ ass d‘Ellie Goulding un der Säit vum Diplo a Mark Ronson ze héieren.

Aussergewéinleches:
Diplo, Mark Ronson an Ellie Goulding kenne sech scho laang. Et ass awer fir d'éischt dass si zesummen e Lidd eraus bruecht hunn. Wéi d'Ellie Goulding betount wier elo genee dee richtege Moment dofir: "Mir wieren an enger Zäit, an dätr mir et all brauchen,ze danzen a fräi ze sinn, a wann et och nëmmen an eiser Kichen ass", kommentéiert hatt d'Kollaboratioun.

Fréier Hits
Den Erfolleg vun Silk City konnt sech bis ewell weise loossen: Mat hirem Hit „Electricity“, op deem och d‘Sängerin Dua Lipa ze héiere war, goufe si 2019 mat engem Grammy fir de beschten Dancesong ausgezeechent.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Tove Lo, Rita Ora