No "Tick Tock" si Clean Bandit zréck mat neier Musek

Fakten:
Den Track "Higher" gouf vu Clean Bandit, iann dior a vum Dan Smith vu Bastille geschriwwen. De Song ass onverkennbar an typesch Clean Bandit - ee genreiwwergräifenden Track, bei deem Clean Bandit sech d'Ënnerstëtzung vum ugesoten Newcomer iann Dior an de Studio geholl.

Aussergewéinleches:
Ewéi déi meescht aner KënschtlerInnen hu Clean Bandit wärend der Corona-Kris op de Groussdeel vun hirem Beruff misse verzichten. Am Géigesaz zu ganz ville vun hire Kolleegen hunn d'Grace Chatto, de Luke an den Jack Patterson d'Quarantän awer begréisst. D'Museker vu Clean Bandit hunn d'Zäit nämlech genotzt fir 20 Lidder fäerdeg ze stellen an auszeschaffen, déi si scho viru Corona ugefaangen haten.

Fréier Hits:
Clean Bandit sinn am Joer 2014 mat hirem Debut-Album "New Eyes" an dem Track "Rather Be" weltwäit bekannt ginn.

Wann Iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir Iech:
Anne-Marie, Jess Glynn, Kiesza & Years And Years