Den hollänneschen DJ Sam Feldt huet sech fir seng nei Single mam Kesha zesumme gedinn

Fakten:
No Singele wéi "Post Malone" an "2 Hearts" ass de Sam Feldt zréck mam neien Titel "Stronger". Fir de Gesang huet den hollänneschen DJ sech di amerikanesch Popsängerin Kesha u Bord geholl. Stilistesch gesi bleift den DJ senger Linn trei a kombinéiert op senger neier Single Synthie-Akkorde mat syntheteschem Perkussiouns- an Drum-Sound a Vocal-Samples.

Aussergewéinleches:
Sam Feldt ass guer net dee richtegen Numm vum DJ, eigentlech heescht hie Sam Regers. Dat war him awer ze oncool.

Fréier Hits
Mat der Single "Show me Love" gouf de Sam Feldt 2015 bekannt. Zejoert hat hien den Hit "Post Malone" eraus bruecht. D'Kesha gouf mam Hit "Tik Tok" bekannt, deen hatt 2009 iwwer Nuecht bekannt gemaach huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lost Frequencies, Felix Jaehn, Klingande